Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Uploaded with ImageShack.us
Video Ivo aus Loch ziehen:
(Sou, gét erem sou lues, war e bessi zersteiert gescht. War eng super Sortie, mat e bessen vun allem. Sin duerch d'Carrière Richtung Deltaplane gefuer, hun eis dun oft den Flöpp erbeigewenscht well mer den Astieg an den Besch net direkt fonnt hun. Wei den Ivo uewen um Bierg(Delta) stung war en frou, an mär och: "Hei war ech nach nie"
Den Laurent hât virdrun en richteg scheinen Stunt gemat, hén ass ob 2 Rieder duerch d'Keier gedrift, huet méngen ech och nach Gas gin wéi en schon mam Helm um Buedem loung. Naischt futti an weider.
Dun bei den Armeisterrain, wou den Ivo an en Lach gefall ass, Foto ennen. Sein Schutzblech war gaaaanz deiw ennen, hén huet gefart fir erof, als Mann huet en et dun awer gemat: "Do wärt mech jo lo kén eranzeien..." Am verlossenen Gebei wollten mer Trapen fueren, hun dun awer gefart well kén Glänner méi do war...."..Ech sin net méi dén Alen..."
Méng huet dun dono an énger Montée Dréck gefriess an den Begrenzer kennengeleiert. Gut dat den Laurent dobei war fir en dun erobzebegléden. Merci DK.
Haten dun naischt méi ze drénken an waren platt, also ech ob allen Fall. Den Ivo war erem frou mat séngem 2-Takt obschons dén gekacht hat. "Zu Rumänien brauchs de éng 2-Takt."
Sin dun an d'No Man's Land gefuer, eppes liichtes iessen: Hamburger mat Keis an Fritten drob. Dun haten mer den Bauch wei an méng Banane huet ob den Bauch gedréckt, hat den Schesser vum Wasser mat Magnesiumpellen (wollt jo kén Kramp an'd Bén kreien, lo hat ech der am Bauch)
Den Laurent wollt dun Tanken goen ob Diddeléng, den Ivo ob Remeléng. Waren dun ob Remeléng, mais den Laurent manner schnell. No 1km hat hén kén Benzin méi , huet e bessen gemotzt an virun allem geschwésst. Ivo an Laurent hun e bessi gemault, dono waren se awer erem Frenn. Den Ivo huet dun den Laurent bis eraus aus dem Besch gedréckt an gezun, ech hun 2xgehennert, den Ivo huet dun och mat mär gemault. Bei der Tankstell ukomm hun mer kén Fuel méi kritt well et schon halwer 10 war. Hun den Bock dun bei déi nächst Tankstell gedréckt...
Well et schon bal deischter war hun mer dun och nach d'Luuten ausgepâk, d'Banane huet nach emmer gedréckt. Duerch den Besch vun Remeléng eriwer ob Audun an dun mol endlech richteg Montéen fonnt, déi schon am Hellen flott sin. Ech war dun iergendwann ob der Felge an wollt/konnt net méi...Merci Laurent. War och mega Kameidi zu Audun, do war Kiirmes...ech erem e bessen gefaart am deischteren Besch.
Dun sin mer aus dem Besch eraus an vun Audun Stross hém an viif an'd Bett.
War genial Jongen, hun ärch mega gär. DK ;-)
Fotoen ennendrenner)
Kommentar